Teenage Dream 2018
Den 18. Mee geet eise Jugendevent an di 7. Ronn.
Teenage Dream, dat ass den Event fir di méi Jonk Generatioun (vun 11-15 Joer),
Mir starten um 18.00 an der "aler Seeërei" mat der Infofoire, wou eis verschidde Partner Ried an Äntwert ginn zu deenen ënnerschiddlechsten Themen.
Natirlech ginn et och interaktiv Spiller a Workshopen. Mat dobai sinn dëst Joer BEE SECURE, de KANNER A JUGENDTELEFON, d'POLICE GRAND-DUCALE, den ZENTRUM FIR POLITESCH BILDUNG, d'PEITRUSSHAUS, de GRENGESCHAPP, LUDOBUS, PINS asbl, TEQBALL, di antialkoholesch Cocktail-Bar BE JUICY...
Jonker, déi un der Info-Foire, tëscht 18.00 an 19.30, Deel huelen, hu fir d'Party duerno GRATIS Entrée. Dono kascht et 5.-.
Dann ass et Zäit fir eis Jugendparty an dat vun 20.00 - 23.00
Fir di beschte Beats op der Danzpist suergen d'Eldoradio-DJ's Janko a Se7en.
WICHTEG: All Jonke muss sech ausweise kënnen. Eis ass et wichteg, dass mir dat garantéieren, wat mir och annoncéieren. Den Alter gëtt an der Entrée kontrolléiert, wien sech net ausweise kann, a mir Zweifel hun um Alter, dee loosse mir net ran.
Dat selwecht gëllt fir Zigaretten an Alkohol: eisen Event ass 100% jugengerecht, dofir kontrolléiere mir Poschen a Rucksäck! di genannte Saachen fléien direkt an d'Poubelle.
Mir hoffen op äre Verstees-de-mech, an hoffen iech all op eiser dësjähreger Teenage Dream ze gesinn,