Nordstadjugend a.s.b.l.

Schonn säit 25 Joer gëtt an deenen 2 Nordstadgemengen Dikrich an Ettelbréck Jugendaarbecht geleescht, aus där dann och di 2 Jugendhaiser Ettelbréck an Dikrich entstane sinn. 2007 gëtt dunn d’Jugendaarbecht op regionale Plang ausgebreet an d’Norstadjugend a.s.b.l. gëtt gegrënnt mam Ziel Jugendaarbecht an deene 6 Nordstadgemengen (Bettenduerf, Colmar-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren) ze garantéieren. 2013 ginn 2 weider Gemengen mat op de Wee vun der Nordstadjugend an der regionaler Jugendaarbecht, an zwar Mäerzeg a Feelen, 2015 schléisst sech och d'Gemeng Befort mat un soudass d’Nordstadjugend ab sofort 9 Gemengen emschléisst. Weiderhi ginn 5 Dingschtleeschtungsberäicher ugebueden, déi sech prioritär u Jonker tëscht 12 a 26 Joer riichten: regional Jugendaarbecht, Jugendhaus Dikrich, Jugendhaus Ettelbréck souwéi d’Koordinatioun vun deenen eenzelnen Servicer. Nei ass ab 2015 de Service "Jugendwunnen" deen sech Jonker mat enger Wunnégsnout unhëllt.
Fir d‘Betreiung vun eise Jugendlechen ass haaptamtlecht, pedagogescht Personal verantwortlech. D‘Nordstadjugend a.s.b.l. kann insgesamt op 7 Mataarbechter zeréckgräifen, déi fir di verschidde Servicer schaffen.
Nieft de Raimlechkeeten, der alldeeglecher Betreiung an der Ulaafstell, déi deene Jonken an den 2 Jugendhaiser zur Verfügung stinn, ginn an der Regioun iwwert d’Joer verschidde Projet’en, Aktivitéiten a Workshope zu deenen ënnerschiddlechsten Themen ugebueden (Kultur, Sport, Präventioun, Informatioun,…).
Präsident: LOSCH Maurice
Vize-Präsident: MOHR Christian
Sekretär: SCHANNEL-SERRES Suzette
Caissier : DAHM Jacques
Member : GLEIS Claude
HEISCHBOURG Patrick
JACOBS Gast
LINSTER Kevin
REISER Claudine
SCHANK Gilbert
WOLTER Claude